Smeg Kaffismillen CGF11CREU Crème
Versandkostenfrei ab 200€ Bestellwert
5 Jahre Garantiezertifikat für Jura und Nivona Kaffeevollautomaten
Versand lieferbar in 2–3 Tagen
SICHERE BEZAHLUNG MIT
Beschreiwung
Smeg Kaffismillen CGF11CREU Crème - Neie Modell 2023
Wie vun eis Kaffisliebhaber, wie gär net de Geroch vun engem frësch gebrautene Kaffi... Mee elo kënne mer schonns virum Brauen de flotten Geroch vu frësch gemuelene Kaffisbounen genéissen. Mat 450 Touren pro Minutt kënnt Dir tëscht dräi Molgraden variéieren: fein, mëttel a grof. An zousätzlech kënnt Dir tëscht 30 verschiddene Molastellungen wielen. Do kënnt garantéiert jiddereen op sengem Goût. En zousätzlecht Highlight fir Kaffisliebhaber ass de manuelle Modus. Hei kënnt Dir ganz bequem experimentéieren, wéi ee Molgrad fir Iech dee Beschte ass. D'konesch geformt Molwierk vun der Smeg Kaffismillen klemmt keng Boun fest an d'Botzen ass séier, liicht an einfach. De Behälter aus Tritan fir d'Bounen ëmfaasst 350 Gramm Bounen. De Puddelsbehälter bitt Plaz fir 150 Gramm a gëtt mat engem extra Verschluss geliwwert, sou datt Dir, wann Dir mol méi Kaffispudder gemuel hutt wéi néideg, dësen loftdicht opbewahren kënnt. D'Smeg Kaffismillen am 50's Retro Style ass net nëmmen e richtegen Hingucker, mee och e klengt Wonnerwierk. Do däerf och net den 3D-Smeg Logo feelen. Artikelnummer: CGF11CREU Bezeechnung: Smeg Kaffismillen CGF11CREU Crème Gréisst: Héicht: 50,6cm; Längt: 28,8cm; Déift: 20,4cm Kollektioun: 50's Retro Style Material: Edelstol, Tritan Leeschtung an Watt: 150 Watt Volumen: Bounenbehälter: 350gr ; Kaffispuddelsbehälter: 150gr Faarf: Crème
Weider SMEG Apparater an der Faarf Crème passend zu der Smeg Kaffismillen CGF11CREU Crème
SMEG Siefträger an Crème SMEG Mëllechschaumer an Crème SMEG Kaffismaschin an Crème SMEG Waasserkocher an Crème SMEG Waasserkocher mat regelbarer Temperatureinstellung an Crème Weider Infoen zu der Smeg Kaffismillen CGF11CREU Crème fannt Dir direkt beim Hiersteller Smeg