Virdeeler
Modernst Technologien fir perfekte Genoss
(P.E.P.®) optimiséiert d'Extraktiounszäit fir kuerz Spezialitéiten an zënt bei Ristretto an Espresso e geschmaachlecht Freedefeier. D'X8 huet een an der Héicht verstellbare Kombiauslaf, deen mat Mëllech a Mëllechschaum verfeinert Trendspezialitéiten duerch Feinschaumtechnologie perfekt gelénge léisst.
All d'Bedéngungselementer vun der X8 sinn frontal ugeluecht, op den éischte Bléck kloer erkennbar an einfach zougänglech. Och d'Nofëllen vum Waassertank an dem Bounenbehälter ass vu vir méiglech. Waassertank a Bounenbehälter hunn serienméisseg e Verschlëssmechanismus, iwwer deen se sech virun Friemawierkung späre loossen. D'Reschtwaasserschuel an de Kaffisazbehälter sinn ergonomesch duerchduecht entwéckelt, mat nëmmen enger Hand eraushuelbar an doduerch propper a séier ze eidel maachen.
D'Kloerheet vum Bedéngungskonzept manifestéiert sech an de Bedéngungselementer. Den am Héichformat ugeordnete 2,8”-Farbdisplay mécht an Kombinatioun mat de grousse, eendeiteg zougeuerdenten Z'ubereedungstasten d'Bedéngung och fir Ongeübt spilleresch einfach. Tasten (Z'ubereedung oder Fleeg) sinn op Wonsch spärbar, fir Feelmanipulatiounen, onerwënscht Ëmprogramméieren oder versehentlech Aktivéierung bei Botzaarbechten ze verhënneren.
