5 Joer Garantie

Z10 Diamond Black (EA) Modell 2022-Tab Detailer

Virdeeler

Den neie Product Recognising Grinder (P.R.G.)

Fir deen optimale Mielgrad fir all eenzel Spezialitéit ze garantéieren, hunn d'Ingenieure vu JURA de Product Recognising Grinder (P.R.G.) entwéckelt. Elektronesch gesteiert stellt sech d'Präzisiounsmielwierk bannent Brochstécker vun enger Sekonn individuell op de virdefinéierte Mielgrad an – vill méi séier a méi dacks wéi et manuell méiglech wier. Säi Spektrum reecht vu ganz fein fir kuerz Klassiker bis ganz grof fir verlängert Spezialitéiten. Dat brauch awer de Genéisser guer net ze bekëmmeren, well d'Astellung vollautomatesch bei all Preparatioun geschitt an op Wonsch, dank der Aroma Selection, virun all Preparatioun nach individuell gewielt ka ginn.

Cold Brew – extrem frësch

Dank dem Cold Extraction Process bereet d'Z10 richteg Cold-Brew-Spezialitéiten zou. Wärend vill konventionell kal Kaffisgedrénks meeschtens aus waarm gebrühchtem, ofgekillte Kaffi bestinn, geschitt d'Extraktioun bei der Z10 mat kalem Waasser, pulséierend, ënner héijem Drock an éischter méi grof gemuelten Pudder. D'Resultat an der Taass ass en natierlechen, energiespendende Erfrëschungsgedrénks, an deem d'Fruchtaromaen vum Kaffi exzellent zur Geltung kommen, ouni vun Bitterstoffer iwwerlagert ze ginn. Alles anescht wier nëmme kale Kaffi.

Bréieenheet Generatioun 8

D'Bréieenheet ass d'Häerz vun all Vollautomat. Fir d'Z10 huet JURA déi aacht Generatioun vu Bréieenheete konstruéiert. Mat hirer eenzegaarteger 3D-Bréietechnologie suergt se dofir, dass de Kaffispudder iwwer méi Niveauen gläichméisseg vum Waasser duerchstréimt gëtt. Doraus resultéiert déi maximal Ausnotzung vum Aroma; bei waarmen Spezialitéiten grad sou wéi beim Cold Brew.

Laangfristeg Eleganz

Den Design an déi gezielte Wiel vun de richtege Materialer droen aktiv zur Nohaltegkeet vun engem Produkt bäi. Esou stréift JURA eng Form un, déi Besëtzerstolz erwächt an och no ville Jore nach frësch a modern wierkt. Kompromisslos Qualitéit, héichwäerteg, laangfristeg Materialer souwéi héchste Präzisioun bei der Veraarbechtung suergen iwwer dat ganzt Maschinneliewen souwuel fir kulinareschen wéi och ästheteschen Héichgenoss. Déi komplex konvex-konkav geformt Aluminiumfront leeë Zeegnes vun handwierklecher Fäegkeet op héchstem Niveau. De Waassertank am eidelen Wellendesign an déi harmonesch gestalt Filterummantelung sinn nëmmen zwee Beispiller fir d'Léift zu all vermeintlech klengen Detail. A wie d'Z10 upaakt, begräift am richtegste Sënn vum Wuert, wat JURA ënner Wäert versteet.

Technesch Donnéeën

Kaffi- a Mëllechspezialitéiten

Zuel vu Kaffisspezialitéiten 32
Espresso

2 x Espresso

Cold Brew Espresso

Kaffi

2 x Kaffi

Cold Brew Kaffi

Cappuccino

Cold Brew Cappuccino

Cappuccino Extra Shot

Mëllechkaffie

Cold Brew Mëllechkaffie

Mëllechkaffie Extra Shot

Caffè Barista

2 x Caffè Barista

Lungo Barista

2 x Lungo Barista

Espresso doppio

Espresso macchiato

Cold Brew Espresso macchiato

Cortado

Cold Brew Cortado

Latte macchiato

Cold Brew Latte macchiato

Latte macchiato Extra Shot

Flat White

Cold Brew Flat White

Flat White Extra Shot

Mëllechschaum­portioun

Mëllechportioun

Kanne Kaffi

Waarmt Waasser

Waarmt Waasser fir Gréngen Téi

JURA-Vollautomaten-Standards

Pulse Extraction Process (P.E.P.®)

One-Touch-Lungo-Funktioun

One-Touch-Funktioun

Variabel Bréikummer 5 – 16 g
Mielwierk Product Recognising Grinder (P.R.G.)
Thermoblock-Heizsystem 1
Mëllechsystem / auswiesselbaren Mëllechauslaf HP3 / CX3
Pulverschacht fir gemuelene Kaffi

Aromaschutzdeckel

Spezifesch Virdeeler

Cold Extraction Process

Intelligent Virhëtzen

3D-Bréietechnologie

Automatesch Ëmstellung Mëllech/Mëllechschaum

Automatic Grinder Adjustment (A.G.A.)

Aktiv Bounenüberwachung

Smart Mode

JURA Cockpit mat Fleegezoustandsanzeige

WiFi-Verbindung zum Heemnetzwierk

Sender am Liwwerëmfang WiFi Connect

Astellungen a Programméierméiglechkeeten

Kompatibel mat J.O.E.®

Rotary Switch

Display 4,3″–Touchscreen–Faarfdisplay
Produkter ofleeën, vervillfache an personaliséieren

Programméierbar an individuell astellbar Kaffiswassermeng

Programméierbar an individuell astellbar Kaffisstäerkt (Stufen) 10
Mëllech-/Mëllechschaummeng programméierbar

Mëllech-/Mëllechschaumtemperatur programméierbar (Stufen) 10
Bréitemperatur programméierbar (Stufen) 3
Waarmwaassertemperatur programméierbar (Stufen)) 3

Hygienestandarder

Intelligent Waassersystem (I.W.S.®)

Filterpatroun CLARIS CLARIS Smart
One-Touch-Mëllechsystem-Botz (automatesch)

Integréiert Spull-, Botz- an Entkalkungsprogramm

Iwwerwaacht Reschtwaasserschuel

JURA-Hygiène: TÜV zertifizéiert

Energiesstandarder

Energiespuermodus (E.S.M.©)

Zero-Energy Switch resp. Netzschalter

Programméierbar Ausschaltzäit

Design a Materialer

Konvex-konkav 3 mm Aluminium-Front

Taassbeleuchtung Amber / Wäiss

Waassertankbeleuchtung blo

An Zuelen

Héichtenverstellbaren / Breitenverstellbaren Kombiauslaf 78 – 150 mm / 24 – 50 mm
Fëllmengt Waassertank 2,4 l
Kapazitéit pro Bounebehälter 280 g
Kaffissazbehälter (Max. Portiounen) 20
Kabellängt (ca.) 1,1 m
Spannung 230 Volt
Stroumstäerkt 10 A
Frequenz 50 Hz
Stand-by-Leeschtung 0 Watt
Gewiicht 12,3 kg
Breet 32 cm
Héicht 38 cm
Déift 45cm
Energieeffizienz-Klass / Energieverbrauch A / 62.2 kWh/annum
EAN-Code 7610917153497
Artikelnummer 15349
Produktbezeechnung Diamond Black (EA)
Hierkonftsland Made in Switzerland
Modelljoer 2022

Downloads & Support-Filmer

Support-Filmer

Filter wiesselen

Dank integréiertem RFID-Chip (Radio-Frequency-Identification), sammelt de CLARIS Smart lafend Informatiounen iwwert d'Filterbenotzung a mellt, wann d'Kapazitéit vum Filter erschöpft ass. CLARIS Smart gëtt automatesch vum Vollautomat erkannt an automatesch agespullt.

Apparat entkalken

Kallek ass de gréisste Feind vun all Waasser féierenden Hausgeräter. Benotzt dofir nëmmen déi vu JURA entwéckelt Entkalkungstabletten. Dës befreien Är Kaffismaschinn schoof vu Kallek an verlängeren esou d'Liewensdauer.

Apparat botzen

D'Botzen verlängert d'Liewensdauer vun Ärer Kaffismaschinn an hält d'Kaffiqualitéit um héchste Niveau. Benotzt dofir nëmmen d'Botztablette vun JURA. Dës sinn speziell op de Botzprogramm ofgestëmmt.

Mëllechsystem botzen

Esou suergt Dir ganz einfach fir déi eegentlech Funktioun an Hygiène vun Ärem Mëllechsystem am Kombiauslaf: Botzt de Mëllechsystem all Dag, wann Dir Mëllech preparéiert hutt. Dëst dauert nëmmen ongeféier zwou Minutten. Benotzt dofir ausschliisslech de Mëllechsystem-Botzmittel vun JURA. Dëse gouf extra fir d'Botze vum Mëllechsystem entwéckelt.

Optimal Notzung

Léiert hei, wéi Dir Är Z10 optimal notzt a fleegt. Dëst garantéiert e hygienesche Kaffisvollautomat an ëmmer perfekte Kaffigenoss.

Accessoiren

  • Wuerfekuerf (0)
    Gratis Versand fir all Commanden iwwer €3,00
    Äre Wuerekuerf ass aktuell eidel!.

    Dir kënnt all disponibel Produkter ukucken an e puer am Buttek kafen.

    Op den Inhalt sprangen