Virdeeler
Modernst Technologien fir perfekte Genoss
(P.E.P.®) optiméiert d'Extraktiounszäit fir kuerz Spezialitéiten a léisst bei Ristretto an Espresso e Geschmaachsfeierwierk lass. D'X8 huet en héichjustéierbare Kombi-Auslaaf, deen dank der Feinschaumtechnologie perfektionéiert Trendspezialitéiten mat Mëllech a Mëllechschaum erméiglecht.
All d'Bedéngungselementer vun der X8 sinn frontal ugeluecht, op den éischte Bléck kloer erkennbar an einfach zougänglech. Och d'Opfëlle vum Waassertank an dem Bounenbehälter ass vu vir méiglech. Waassertank a Bounenbehälter hunn serienméisseg e Verschlussmechanismus, iwwert deen se zum Schutz virun Abroch gespaart kënne ginn. D'Restwaasserschuel an de Kaffisazbehälter sinn ergonomesch duerchduecht entwéckelt, mat nëmmen enger Hand eraushuelbar an doduerch propper a séier eidel ze maachen.
D'Kloerheet vum Bedéngungskonzept manifestéiert sech an de Bedéngungselementer. Den am Héichformat ugeluechten 2,8"-Faarfdisplay mécht an Kombinatioun mat de groussen, eendeiteg zougeuerdenten Zoubëreiungsknäppercher d'Bedéngung och fir Ongeübt spielend einfach. Knäppercher (Zoubëreiung oder Fleeg) kënnen op Wonsch gespaart ginn, fir Feelmanipulatiounen, onerwënschte Reprogramméierungen oder versehentlech Aktuatioun bei Botzaarbechten ze verhënneren.
